​Entdeckt Lëtzebuerg
​ANESCHT

​Gitt, mat Äre Léifsten oder Frënn op eng historesch Missioun am Häerz vu Lëtzebuerg. Maacht Juegd op d’Schätz, déi op de berüümtste Plaze vu Lëtzebuerg verstoppt sinn. Stellt Iech den Erausfuerderunge vun eisen Schatzjuegten an lëft d’Geheimnisser, déi am Schiet vun dësem wonnerbare Land verstoppt leien.

VIDEO

GENIAL SCHATZJUEGTEN

​Sidd dir e Frëndeskrees, eng Famill oder couragéiert Aarbechtskolleegen a sidd op der Sich no Abenteuer a wëllt Iech beweegen? Wëll dir déi spannendst Kuriositéiten an Haaptattraktiounen vu Lëtzebuerg kenneléieren? Begeeschtert Dir Iech fir Rallyen, Fotosafarien a Rätselen?

Luxilux féiert Iech mat Ärem Smartphone op d’Spuer vu de verschollenen Lëtzebuerger Geheimnisser. Sou kënnt dir dat historescht an kulturellt Ierwe vu Lëtzebuerg nei entdecken. Sidd Dir prett dës Geleeënheet, unzehuelen?

D’Aventure waart op Iech, sidd Dir prett fir d’Erausfuerderung als Team unzegoen an op dës onvergiesslech a lëschteg Erfahrung gëeegent fir all Alter ze starten?

ENTDECKT EIS SCHATZJUEGTEN

​Näischt ass méi liicht, wéi sech mat eiser App op d’Rees vun den Abenteuer ze beginn.

​Bitt eng Panoplie u Virdeeler fir Frëndeskreesser, Familljen an Aarbechtskolleegen, déi op der Sich no Geheimnisser an Entdeckunge sinn.
Entdeckt puer vu de wichtegsten Avantagen vu dëser innovativer App fir Är Teambuilding-Aktivitéiten an Stadrallyen:

​Einfach Handhabung: Mat sengem intuitivem a benotzerfrëndlechen Design, adaptéiert un all Alter, hutt Dir eng Roadmap an der Hand, déi Iech op d’Spuer vun den Hiweiser féiert.

​Geolokalisatioun : Dank der integréierter Geolokalisatioun, begleet Iech d’App duerch déi verschidden Etappe vun der Schatzjuegd,wat iech erméiglecht den historesche a kulturelle Patrimoine ze entdecken.

Augmentéiert Realitéit : D’Luxilux-App notzt augmentéiert Realitéit vir de Spiller d’Chance ze ginn an d’Welt vun de Schatzjuegten anzedauchen. Duerch virtuell Elementer, déi d’real Welt iwwerlagere gëtt en interaktiivt a fesselnt Erliefnis, fir all Alter, geschaaft.

D’Luxilux-App
Luxilux

​EIS AKTUELL SCHATZJUEGTE

​Luxilux invitéiert Iech 3 aussergewéinlech Schatzjuegten ze entdecken, aktuell disponibel sinn dës an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch-Uelzecht an zu Schëffleng. Ideal fir Frëndeskreesser, Familljen an Aarbechtskolleegen, bréngen Iech dës eenzegaarteg Abenteuer onvergiesslech Erliefnisser.

Iwwert Schatzjuegten

Hannert Luxilux stécht d’Kommunikatiounsagence Mediation SA. Dës ass säit iwwer 30 Joer zu Lëtzebuerg an der Promotioun fir de B2B Secteur täteg. D’Agence huet et sech zur Aufgab gemaach d’Land op spilleresch a spannend Aart a Weis méi no ze bréngen.

Luxilux bitt Iech Schnitzeljuegten duerch verschidde Stied un fir Lëtzebuerg mam Handy anescht ze entdecken. Dank dem Handy, sidd dir flexibel wat den Zäitpunkt vum Spillen ugeet an ob eleng oder am Team.

Op engem geolokaliséierte Parcours, äntwert Dir op Froen an huelt Erausfuerderungen un déi Iech Punkten an Accès zu Reduktiounen a Kaddoen an de Partnerbetriber bréngen. Grâce à l’application, vous êtes libre de choisir le bon moment de jouer, seul ou en équipe.

No Ärem Payement, kritt Dir e Link zum Download vun der MooveGo-App per SMS a Mail, sou kënnt Dir dann op Är Schatzjuegd zougräifen. De Code ass nëmmen eng Kéier, den Dag vun Ärem Choix gülteg.

E Spill dauert tëschent 2 an 3 Stonnen. Allerdéngs hänkt dat dovun of wéi schnell Dir sidd.

Fir un eise Schatzjuegten deel ze huele braucht Dir:

En chargéierte Smartphone
• 4G / 5G
• Eng aktivéiert Geolokalisatioun / GPS
• Téléchargéiert MooveGo-App

Accessibilitéit

An der Theorie, jiddwereen! Och wann eis Defien a Rätselen ufanks fir Erwuessener bestëmmt waren (jonk oder manner jonk), kënnt dir op jiddwer Fall och mat Äre Kanner deel huelen.

Eis Schatzjuegte setzen net viraus Profisportler ze sinn, trotzdeem muss Dir puer Kilometer trëppelen. Ofhängeg vun der Stad, ass de Parcours mol méi mol manner laang.

Si goufen u Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, wéi och un Poussetten adaptéiert. Allerdéngs gëtt et keng Garantie iwwer de Zoustand vu de Stroossen dee Moment wou Dir spillt.

Verbueden ass et net, mee am Team ass et einfach méi flott. Seet een net „Zesummen si mir staark“?

Bezuelung

Mir rembourséieren net, kënnen de Ticket awer bei Bedarf ëmtauschen. Schéckt eis einfach ee Mail un eist Team ënnert contact@luxilux.lu

Technesch Ënnerstëtzung

Bei eise Schnitzeljuegten ass kee Mataarbechter present. Bei technesche Probleemer kënnt Dir eis ee Mail un contact@luxilux.lu schécken. Bei technesche Probleemer kënnt Dir eis ee Mail un contact@luxilux.lu schécken. Oppassen de Week end kann dat bëssen méi laang daueren!

Wann dëst geschitt, maacht d’MooveGo Applikatioun aus a relancéiert se.

Wann dëst geschitt, maacht d’MooveGo Applikatioun aus a relancéiert se.

Leider musst dir d’MooveGo-Applikatioun nach eng Kéier ze installéieren. Äert Spill wäert ophalen. De QR Code ass just eng Kéier valabel. An dësem Fall musst Dir eist Team iwwer contact@luxilux.lu kontaktéieren.