LUXILUX EASY

TEAM BUILDING

​Urban Rallye mat limitéiertem Budget

Méi gewuer ginn

Entdeckt Luxilux Easy Teambuilding! 

Eise Service gouf speziell fir Betriber entwéckelt, déi e limitéierte Budget hunn a séier eng Teambuilding-Aktivitéit organiséiere wëllen. Dank dësem Package, profitéiert Dir vun enger qualitativ héichwäerteger Erfarung ouni Iech Gedanken ëm d’Organisatioun ze maachen.

Egal ob d’Aktivitéite fir 2 oder onendlech vill Teamen organiséiert ginn, LuxiluxEasy ass sou konzipéiert dass et sech un all Betribsgréissten an Erfarungsstufen upasst. Mat engem Minimum vu 3 Persoune pro Ekipp, garantéiere mir en individuellt an adaptéiert Erliefnis.

​Budgetskontroll :

​​Mir proposéieren eng Selektioun un Aktivitéiten ugepasst un Äre Budget ouni d’Qualitéit ze kompromettéieren. Dir kënnt Ären Teamzesummenhalt stäerken ouni Äre Budget ze sprengen.

Schnell an einfach :

Eis Profi’en  këmmeren sech ëm alles, vun der Planifikatioun bis zur Mise en Place vun den Aktivitéiten. Dir musst eis nëmmen Är Objektiver an e Datum nennen, mir këmmeren eis ëm de Rescht.t.

​Ofwiesslungsräich Aktivitéiten :

Eis Aktivitéiten ëmfaasse Mobilitéitsspiller, Stadrallyen, Schatzjuegten a nach villes méi. Esou kënnt Dir déi Aktivitéit wielen, déi am beschte bei Är Ekippen an Är Ziler passt.

FLEXIBILITÉIT :

​Egal ob Dir e Team vu 5 oder 50 Persoune sidd, eis Aktivitéite sinn esou konzipéiert, dass si sech un all Betribsgréisst an Erfarungsniveau upassen.

MéisproochegKEET:

​Eis Aktivitéite sinn op franséisch, englesch, däitsch a lëtzebuergesch disponibel, esou dass och Memberen, déi verschidde Sprooche schwätze matmaache kënnen.

​Perséinlech Betreiung :

​Eis Ekipp steet zu Ärer Verfügung fir eng personaliséiert Betreiung iwwer de ganze Prozess z’assuréieren, vun der Planifikatioun bis zum Debriefing.