BOOST
d’Attraktivitéit vun Ärer Regioun
Mat Luxilux hëllefe mir Iech Är Regioun nach méi attraktiv ze maachen. Mat Luxilux kënnt dir onvergiesslech Erliefnisser schaafen fir Grouss a Kleng!
Mat Luxilux hëllefe mir Iech Är Regioun nach méi attraktiv ze maachen. Mat Luxilux kënnt dir onvergiesslech Erliefnisser schaafen fir Grouss a Kleng!
Dir sidd op der Sich no enger Attraktioun fir är Stad, är Regioun oder och ären Betrib bekannt ze maachen? Dir fannt dass är Géigend et verdéngt huet méi bekannt bei engem breetgefächerte Publikum ze sinn?
Mat Luxilux hutt dir d’Méiglechkeet dat op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis ze maachen.
Egal ob Dir eng Touristenattraktioun, eng Gemeng, e Syndicat, e Tourismusbüro oder e Betrib sidd, mat enger spannender Schatzjuegd kannt dir d’Geschicht vun Ärer Regioun oder ärem Site nei opliewe loossen.
Mat Luxilux kënne mir Traditioun, Kultur, Geschicht mat Technologie a Spill verbannen. Sou entdecken d‘Leid an d’Kanner aus der Ëmgéigend, awer och ons auslännesch Visiteuren eist Land an eis Géigend nei. Sie ginn op Plaze gefouert di Sie bis dohin ni gesinn hunn.
Wisou sollt Dir Luxilux wiele fir Är touristesch a kulturell Offer ze beräicheren?
Hei si 6 Grënn, déi Iech vun der Attraktivitéit a Effikassitéit vun eiser App iwwerzeegen:
Eis Schatzjuegten erméiglechen den historeschen, kulturellen an natierleche Räichtum vun eise Regiounen an de Vierdergrond ze setzen.
Mat Luxilux loosse mir al Legende rëm opliewen, mir erziele Geschichten déi Jonk an Al abannen. Sou kënne mir eng ganz Rei Attraktiounen entstoe loossen, oder aller opwäerten. Niewent engem flotten Trëppeltour, pedagogeschen Erklärungen zu verschiddenen Thema’en loosse mir d’Besicher Plaze mat aneren An kucken.
Doduerch, dass Luxilux spilleresch, pedagogesch an immersiv Aktivitéite bitt, déi e grousse Public, vu Familljen, iwwer Betriber bis Frënn uschwätzen, beräichert Luxilux déi touristesch Offer.
Mat Luxilux ass villes méiglech. Mir kënnen eis Schatzjuegten entspriechend den Theemen, Evenementer oder Zilgruppe personaliséieren. Mir kënnen all Méiglech Themen abannen an sensibiliséieren. Mir kënnen d’Bierger méi no bei d’Gemengen oder bei d‘Betriber.
Duerch d’Zesummenaarbecht mat lokale Partner, déi erméiglechen de Participante Reduktiounen a Kaddoen ze proposéieren, fërderen eis Schatzjuegten de lokale Konsum an ënnerstëtze lokal Betriber.
Duerch d’Integratioun vu Technologien, wéi der Geolokalisatioun an der augmentéierter Realitéit, ass Luxilux am Trend vun der Zäit.
Duerch d’digital Gestaltung vun de Parcours’en an de Schatzjuegten, hunn ons Opdraggeber e nohaltegen an ausbaufäege Support, deen einfach aktualiséiert an u zukünfteg Besoinen adaptéiert ka ginn. .