Passt är Betribsvisitt un den Trend vun der Zäit un.
Mat enger Schatzjuegd oder engem Escape Game kritt Är Visitt en neie Kick. Egal ob et fir eng Porte-ouverte oder d’Integratioun vu neie Mataarbechter ass, Luxilux proposéiert Iech Är Betribsvisitt an eng spilleresch an immersiv Erfarung ze verwandelen.
Wéi geet dat?
Dir schéckt eis déi Informatiounen zur Visitt an e puer Eckdaten zum Betrib. Eis Equipe entwéckelt dorausser eng spannend Geschicht, wou d’Visiteure Rätsele léise kënnen, sech Defie stellen an zesummeschaffe fir äre Betrib besser kennenzeléieren.
Dës innovativ Approche mécht einfach Spaass, stimuléiert d’Kreativitéit a stäerkt den Zesummenhalt. Participanten, egal ob Mataarbechter, Partner oder Visiteur wäerte mat engem bessere Verständnis fir Äre Betrib an engem Gefill vu Verbonnenheet rëm heem goen.
Kontaktéiert eis elo fir méi gewuer ze ginn!
Luxilux fir Betriber an dräi Stéchwieder
Entdeckt wéi Luxilux Är Entreprise mat engem moossgeschneiderten Escape Game an en immersiivt an spillerescht Erliefnis verwandelt. Befollegt eis wichtegste Schrëtt vun eisem Prozess, vun der Analys vun Äre Bedürfnisser, iwwer d’Konzeptioun vum Zenario bis zur Animatioun, fir Äre Mataarbechter a Partner en onvergiesslecht Abenteuer ze bidden, wat och de Zesummenhalt stäerkt an d’Organisatioun opwäert.
1) Analys vu de Besoinen a Personalisatioun

Fir d’éischt schwätze mir mat Iech iwwer Är Erwaardungen an Objektiver un d’Escape Game oder d‘Schnitzeljuegt. Fir Iech eng eenzegaarteg an un Är spezifesch Besoinen adaptéiert Erfarung auszeschaffen, berécksiichtege mir d’Gréisst vun Ärer Entreprise, d’Branche wéi och d’Betribskultur.
2) Konzeptioun a Zenarisatioun

Duerno schaffe mir en flotte Parcours, e spannende Zenario an erausfuerderend Rätselen aus, déi un Äre Betrib ugepasst sinn. Gäre schaffe mir och mat äre Leit zesumme fir den Toun an d’Spiller ze testen. Mir versécheren Iech, dass eis Escape Gamen oder Schnitzeljuegten d’Zesummenaarbecht, d’Reflexioun an d’Kommunikatioun tëschent de Spiller favoriséiert.
3) INSTALLATIOUN

Esoubal de Zenario an d’Rätsele finaliséiert sinn, këmmere mir eis ëm d’Installatioun an an Äre Raimlechkeeten a maachen en Test mat e puer vun äre Leit op der Plaz. Eis professionell Animateuren encadréieren d’Sessioun a kucken dass d’Participanten eng onvergiesslech Erfarung hunn, andeems sinn d’Geheimnisser vun Ärem Betrib entdecken an den Ekippenzesummenhalt stäerken. Wann d’Spill soll méi oft agesat gi kënne mir och gären är Leit forméiere fir den Encadrement.